Lëtzebuerg I Op Lëtzebuergesch
An dëser Solo-Performance erzielt d'Milla Trausch Märercher a Seechen aus verschiddene Länner, déi sech mat den Theme Léift a Bezéiung befaassen. Den Erziel-Programm gëtt esou wuel mat Musek vu Vinyl-Placke wéi och vu Live-Kläng ënnermoolt. Dës Virstellung riicht sech u Leit ab 10 Joer mat oder ouni Demenz an ass speziell intergenerationell konzipéiert, fir Beréierungsängscht ofzebauen a fir en Austausch ze erméiglechen. Kleng Anekdoten aus Erzielunge vu Betraffene ginn ëmmer erëm nees agebaut, fir d'Thema Demenz op eng poetesch a humorvoll Manéier ze beliichten.
Ariichtung
Rafael Kohn
Coaching Storytelling
Betsy Dentzer
Produktioun
Fundamental, MIL asbl, Theater Traverse asbl, ALA asbl
Thursday 13 June 2019
14:30 | Banannefabrik
14:30 | Banannefabrik