© Steph Meyers
Szënesch Liesung | Créatioun

Zwee Männer an engem Bureau. Mir sinn un der Spëtzt vun der Muecht, do wou ee ganz alleng ass. Deen een ass Premierminister, deen aneren de Chef vu sengem Geheimdéngscht. Keen traut deem aneren, mee si ginn anescht domatter ëm: deen ee schwätzt ouni Paus, deen anere seet näischt. An hirem Gespréich geet et ëm Muecht an ëm Verrot, ëm Strategien, fir domatter ëmzegoen, an ëm Vertrauen. Mä mir héiere just deen een, deen, deen andauernd schwätzt, fir a Wierklechkeet eppes gewuer ze ginn. Hien hëlt alles heemlech op mat senger Auer.

M. ass e Stéck dokumentareschen Theater iwwer Muecht a Mësstrauen mat Textmaterial aus engem Originalgespréich.

Text an Iddi
Josée Hansen, Romain Hilgert
Mam
Steve Karier
Produktioun
Fundamental A.s.b.l.
Speziellen Tarif
Normal : 10 € Reduzéiert : 5 €
Samedi 15 juin 2013
18:00 | Banannefabrik