© Clada
5 - 8 Joër

An der Tierkei heescht hien Nasreddin oder Dschuha, an Afrika gëtt hien Abu Nuwa genannt, op Sri Lanka ass et den Andare an an der Mongolei de Badartschin. Bei eis ass säin Numm Till Eulenspiegel.

 

Mee egal wéi mer en och nennen, hien ass iwwerall fir seng Spiichten a Stiichtereie bekannt; méi wéi een huet hien duerch seng gewëtzten Iddien esou richteg baschte gedoen. A well et esou schrecklech vill Spaass mëscht nozelauschteren, wéi déi agebilten an nidderträchteg Leit ugeschmiert ginn, zéien d’Betsy an de Max duerch d’Land an erzielen déi faarweg Geschichte vum Till.

 

Déi zwee jongléiere mat Wieder a Spréch, mat Kläng a Melodien, mä och mat richtege Saachen, huelen Iech mat vun enger Plaz op déi aner an doen Iech esou richteg laachen!

Konzept an Erzielung
Betsy Dentzer
Jonglage
Max Hinger
Produktioun an Diffusioun
TRAFFO_CarréRotondes, GC Essegem
Jeudi 19 juin 2014
15:00 | Kulturhaus Niederanven