Lëtzebuerg | Op Lëtzebuergesch | 3 - 7 Joer

D’Annick Sinner erzielt säi Liiblingsmäerche vun de Gebridder Grimm aus senger Kandheet, illustréiert an animéiert duerch selwer gemaache Figuren an Dekoren. Uschléissend un d’Virstellung ass e klenge Workshop mam Annick Sinner ronderëm d’Routkäppchen. Loosst iech iwwerraschen!

 

D’Annick Sinner schafft haaptberufflech am Enseignement an huet sech als Illustratorin vu Kannerbicher e Numm gemaach. Donieft trëtt si mat eegene Geschichten oder Inszenéierunge vu Märecher am Genre vum Figurentheater op. Geschichten erzielen, Bicher illustréieren, Biller a Figuren zu engem Mäerche gestalten - dëst Narrativt an Imaginärt ass et, wat d’Annick Sinner faszinéiert. 

 

 

Iddi, Konzept, Dekoren & Spill
Annick Sinner
Dimanche 07 juin 2015
10:30 | Kulturhaus Niederanven