Right
Lëtzebuerg | Op Lëtzebuergesch

D’Maxi kritt haut seng 30 Joer an haut kritt hatt och d’Äntwert, ob hatt déi weiblech Nieweroll an engem Film kritt, an deem hatt d’Affiche mat engem vun de weltbekannten a spannendste Schauspiller iwwerhaapt deele géif. Si haten eng Actrice gesicht, déi fléissend franséisch, däitsch an englesch schwätzt – Bingo!

Et ass déi Zort vu Roll, déi dem Maxi de professionellen Duerchbroch erméigleche géif, deen hatt sech säit senge jéngste Jore wënscht. Hatt ass bis an di lescht Ronn komm, an elo spillt et sech nach tëschent him an zwou anere Kandidatinnen of. Mee d’Maxi weess schonn, dass hatt d’Roll kritt. Et ass nämlech säi Schicksal…

 

D’Nadia Masri schafft als Regisseurin a Skriptgirl am Filmberäich. Happy Ending ass hiren éischten Theatertext an hir éischt Aarbecht fir eng Bün.

Performance
Julie Kieffer
Regie
Nadia Masri
Mat der Ennerstëtzung vun
der Fondation Indépendance
AM KADER VUM MONOLABO/EN CREATION
Dimanche 13 juin 2021
20:00 | Banannefabrik