Falsch Beweegungen

Falsch Beweegungen

15.06.2025 - 19:00

Falsch Beweegungen | Monolabo | Création

Vun a mam Serge Tonnar
Lëtzebuerg

Danz

Keng falsch Beweegung! Esou jäizen d'Brigange bei engem Iwwerfall. Wann ee mir dat géif soen, géif ech direkt express eng falsch Beweegung maachen. Mäi ganzt Liewen ass op falsch Beweegungen opgebaut. Ech maachen net dat, wat vu mir erwaart gëtt. Dacks emol net dat, wat ech vu mir selwer erwaarden. A meeschtens maachen ech Saachen, déi ech guer net kann.

Wat ech sécher net kann, ass danzen! Ech sinn ze steif, ze al an ze déck. Ech hunn Arthrose riets a lénks a keng kierperlech Memoire. Dofir ass en Danzsolo genee dat Richtegt fir de Monolabo, fannen de Steve an ech. Fir dës Performance ginn ech vu mengem Kierper aus an hu keng Anung wat derbäi erauskënnt. Ausser, natierlech, falsch Beweegungen.

Kierperlech BegleedungEmanuela Iacopini
Assistenz TounLuka Tonnar
MerciYuko Kominami, Sabine Tonnar, MASKéNADA
Fotowrongmovements